SES 1. Quartal 2019Nettoresultat ass am 1. Trimester ëm 26,5% zeréckgaangen

RTL Lëtzebuerg
Trotz engem Réckgang vum Nettoresultat an dem Ëmsaz am éischten Trimester vun dësem Joer, huet d'SES hir Objektiver fir 2019 confirméiert.

D'Nettoresultat vum Satellittebedreiwer mat Sëtz zu Betzder louch nom éischten Trimester bei 72,2 Milliounen Euro, géintiwwer 98,2 d'lescht Joer. Dat war eng Baisse vu 26,5%. Den Ëmsaz ass ëm 2,3% op 480,6 Milliounen zeréckgaangen. Trotz allem huet d'SES net nëmmen fir dëst Joer mat och hir Objektiver fir 2020 confirméiert. Fir 2019 rechent de Konzern domadder, dass den Ëmsaz nees klëmmt.

SES: Resultater vum 1. Quartal 2019

Back to Top
CIM LOGO