
Ënnert anere kann een nämlech och gratis an deen een oder anere Musée an der Stad goen. Dorënner zum Beispill de “Lëtzebuerg City Museum”, dee vun e Samschdeg bis e Méindeg eng gratis Entrée ubitt.
De “Luxembourg City Tourist Office” organiséiert iwwerdeem gratis Visite-guidéeën, fir d’Stad z’entdecken.
Wat den Transport ugeet, réit d’Gemeng de Visiteure vun de Park&Riden an dem ëffentlechem Transport ze profitéieren, well e puer Stroossen op der Gare an an der Uewerstad fir den Trafic gespaart sinn. Parkingen “Place de l’Europe” um Kierchbierg a “Fort Wedell” op der Gare wäerten e Méindeg de 4. September de ganzen Dag gratis sinn.
RTL-News: Stänn, Aktivitéiten an oppe Muséeën: D’Stater Braderie soll Grouss a Kleng unzéien