
Net manner ewéi 241 Geschäfter maache bei der Braderie mat an et soll versicht ginn, dem Public méi wéi nëmme Butteker mat Stänn ze presentéieren. Nieft enger Rei Aktivitéite kann een nämlech och gratis an deen een oder anere Musée goen.
E Méindeg, de 4. September ass déi 94. Editioun vun der Stater Braderie an der Uewerstad an op der Gare. Ma schonn um Samschdeg virun der offizieller Braderie wäerten eng jett Geschäfter hir Stänn opriichten, puer dovunner och sonndes.

Vu moies 9 Auer bis owes 19 Auer sinn d’Butteker op. Ma dobäi soll et net bleiwen. Et wéilt ee souwuel fir Grouss a Kleng eppes bidden, sou d’Mireille Rahmé, Presidentin vum Stater Geschäftsverband.
“C’est à dire que nous avons organisé pas mal d’animations. Place de Paris, il y a Ludoland qui organise pour les enfants un grand espace avec des jeux surdimonsioné d’animation. I l y a deux animateurs qui sont là de 10 heures du matin jusqu’à 18 heures pour encadrer les enfants. Il y a le magasin Saturne qui organise également un stand animation devant son magasin, Avenue de la Gare.”
Och an der Uewerstad soll fir genuch Animatioun gesuergt sinn. Um Knuedler kritt een d’Skateboard fuere méi no bruecht, et gëtt eng Vëlosanimatioun mam Andy Schleck an “Bricks4kidz”, déi Aktivitéite mat risegem Lego maachen. De Stater Schäffen an Zoustännege fir de Commerce, de Maurice Bauer, gëtt Informatiounen zu weideren Aktivitéiten.
“Ma ech menge mir sinn immens frou, dass mir eng flott Relatioun mat der Union commerciale hunn, wou mir och wierklech ganz oppen diskutéiert hunn an och elo och op d’Iddi koumen, och mat hinnen, fir einfach méi Animatioun an d’Stad ze bréngen. Dat heescht mir hunn elo och wierklech probéiert och mat alle Servicer vun der Stad nach villäicht do Efforten ze maachen. Zum Beispill, dass ma d’Badeanstalt e Sonndeg gratis maachen, wou d’Leit dann och kënnen an d’Stad kommen, ee gudde Moment hunn, wou och déi ganz Famill soll eppes dovun hunn, Muséeë fräi, déi sinn op.”
Dorënner zum Beispill de “Lëtzebuerg City Museum”, dee vu samschdes bis méindes eng gratis Entrée ubitt. Den “Luxembourg City Tourist Office” organiséiert gratis Visite-guidéeën, fir d’Stad ze entdecken, an och d’Villa Vauban huet sonndes den 3. September fräien Entrée.
Wat den Transport ugeet, réit d’Gemeng de Visiteure vun de Park&Riden an den ëffentlechem Transport ze profitéieren, well e puer Stroossen op der Gare an an der Uewerstad fir den Trafic gespaart sinn. Parkingen “Place de l’Europe” um Kierchbierg an “Fort Wedell” op der Gare wäerten e Méindeg de 4. September de ganzen Dag gratis sinn.
