GeriichtNo Abrochserie - Affekote froe gréisstendeels Fräisproch

RTL Lëtzebuerg
Hoteller, Restauranten, Caféen, Butteker, Firmaen a Privathaiser ware sengerzäit vun den Abréch viséiert. De finanzielle Schued loung bei 170'000 Euro.

Am Prozess géint 7 Männer wéinst am Ganzen 88 Abréch, tëscht Ufank 2014 an Enn 2017, queesch duerch d'Land hunn d'Affekoten um Dënschdeg gréisstendeels hire Fräisproch gefrot

Hoteller, Restauranten, Caféen, Butteker, Firmaen a Privathaiser ware sengerzäit vun den Abréch viséiert. D'Police hat ënnert dem Stréch e finanzielle Schued vu bal 170.000 € ausgemaach. Dobäi koum dee materiellen, deen ënner anerem am Klaue vun enger Onmass vun Zigarette bestoung. De presuméierten Haaptbeschëllegten huet am Prozess op Grond vun engem Dokteschcertificat gefeelt, wat e puer vun den Affekote bedauert hunn.

Abrochserie: De Reportage vum Eric Ewald

Deem Mann seng Affekotin huet um Dënschdeg de Moie betount, hire Client wär wéinst engem post-traumatesche Stresszoustand net do. „Erlaabt mer, un där Versioun ze zweiwelen!“, huet d'Presidentin vum Geriicht dozou bemierkt. D'Me Lidolff huet dorop geäntwert, dass deen Zoustand vun engem Psychiater festgestallt an hire Mandant och vun zwee vun de Matugeklote menacéiert gi wär. Wouropshin d'Riichterin gemengt huet, hire Client wär d'Konstant an dëser Affär an d'Zesummesetzung vum Grupp soss variabel. De Mann hätt am Ufank geschafft, soudass ee sech d'Fro stelle misst, firwat hien op eemol eng Abriecherband op d'Bee stelle géif, huet d'Affekotin ze bedenke ginn, fir mam Saz weider ze fueren, Zitat: „A wann hie Spezialist wär, dann hätt hien Händschen ugedoen!“ Um Enn huet si gefrot, dass de Mann fir déi Faiten, déi hien zouginn a bedauere géif, héchstens eng Prisongsstrof mat Sursis kréie sollt.

Déi aner Affekoten hunn d'Schold dann och zum Deel beim Haaptugeklote gesinn. Et hätt keen eppes vun deem senge Pläng gewosst, huet de Me Stroesser, Affekot vun zwee vun de Beschëllegten, erkläert, iwwerdeems de Me Says, Affekot vun engem Ugekloten, sot, säi Mandant hätt bis de leschten Abroch net gewosst, dass hie bei Infraktioune matmaache géif. Dogéint hunn de Me Daniel Cravatte an d'Me Anouk Meis, déi all Kéiers ee Beschëllegte verdeedegt hunn, dorop plädéiert, dass kee konkret Element oder keng Indicë géint hir Cliente virléichen.

Dëse Prozess dierft e Mëttwoch mam Requisitoire vun der Vertriederin vum Parquet op en Enn kommen.

Back to Top
CIM LOGO