
An der Nuecht op e Méindeg géint 1.15 Auer koum et zu engem Accident zu Lénger. Den automateschen E-Call-Rettungsservice am Auto wier do ausgeléist ginn, ass am Bulletin vum CGDIS ze liesen. D’Secouriste vu Käerjeng an Esch waren op der Plaz an hunn eng blesséiert Persoun behandelt.
Da war op der N34 zu Bartreng kuerz viru 17 Auer e Motocyclist gefall a blesséiert ginn a géint 21.30 Auer war an der Lonkecher Strooss och zu Bartreng an Automobilist an e Blummebac gerannt an dobäi verwonnt ginn.
E Feier gouf et da kuerz no 23 Auer zu Beetebuerg an der Aktivitéitszon Wolser. Ausléiser war eng Gasfuite, Blesséierter gouf et net.