Anerer konnten net zu Lëtzebuerg landen a goufen op aner Fluchhäfen ëmgeleet. Trotz de villen Annulatiounen ass alles zimmlech roueg verlaf, och wann ee vill midd an enttäuschte Gesichter gesinn huet. Ganz vill Leit hunn allerdéngs kritiséiert, datt ee vun de jeeweilege Fluchgesellschaften nëmme wéineg Informatioune krut, wéi et viru géif goen. Anerer hu kritiséiert, datt ee keng Hoteller méi fënnt. Rëm anerer hunn d’Situatioun mat Humor geholl.
Ëm Mëtternuecht sinn och eng Partie Busser um Findel ukomm, ënnert anerem mat Passagéier, déi zu Bréissel gelant sinn. Vill midd an zum Deel erliichtert Gesichter huet ee gesinn. Eng Maschinn, déi vun Zürech komm ass, wier kuerz virun der Landung zu Lëtzebuerg, ëmmer nees am Krees gedréint, bis d’Passagéier gesot kruten, de Vol géif ëmgeleet ginn op Bréissel. Vun do aus goung et mam Bus zréck an de Grand-Duché. Eng Fra sot RTL géintiwwer, datt d’Organisatioun relativ gutt ofgelaf wier.
Am Ganze goufe wéinst dem Tëschefall e Sonndeg 31 Flich annuléiert. 13 Fligere konnten net zu Lëtzebuerg landen, mä goufen op Léck, Bréissel, Paräis a Stroossbuerg deviéiert. Aacht Departen oder Arrivéeën haten däitleche Retard.
Eng Enquête muss am Kader vun enger präziser Prozedur d’Ursaach vum Tëschefall klären. De Generaldirekter vu Luxairport Alexander Flassak wollt net iwwert déi Ursaach spekuléieren. Hien huet awer Detailer ginn, wéi d’Prozeduren um Findel bei esou Noutlandunge sinn. Bei esou enger Meldung gëtt d’Start a Landebunn fir de ganzen anere Verkéier gespaart an d’Pompjeeë vum Fluchhafe ginn alarméiert. No der Noutlandung muss d’Pist komplett inspizéiert an no méigleche Schied gekuckt ginn.
An engem Schreiwes deelt de Ministère mat, wat fir Rechter d’Passagéier vu Fluchoperateuren hunn, wann hire Vol Verspéidung hat oder annuléiert gouf. Dorënner falen Ersatzfliger, e Remboursement oder Schuedenersatz. Den zoustännege Ministère präziséiert awer och, datt e méigleche Schuedenersatz net gräift, wann eng Annulatioun oder Verspéidung wéinst aussergewéinlechen Ëmstänn entstanen ass.