Véier BlesséierterNo Course-Poursuite, Won rennt a geparkten Autoen an iwwerschléit sech

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt en Accident mat véier Blesséierter géint 1.15 Auer an der Nuecht op en Dënschdeg.
© Police

An der Nuecht op en Dënschdeg zu Suessem war an der Rue de Niederkorn een Auto an eng Rei geparkte Ween gerannt. Niewent de Secouriste vu Suessem-Déifferdeng, Käerjeng, Péiteng an Esch, waren och direkt zwee Samus-Noutdokteren op der Plaz, fir sech ëm déi véier blesséiert Mënschen ze këmmeren.

Wéi d’Police en Dënschdeg de Mëtteg preziséiert huet, wier enger Police-Patrull de Won schonns verdächteg gewiescht. Wéi een de Won mat 4 Leit dra wollt kontrolléieren, huet dëse sech duerch d’Bascht gemaach. Wärend der Course-Poursuite huet de Chauffer eng ganz Partie geféierlech Manöver gemaach, ass ëmmer méi séier gefuer, ier hien dunn an enger Kéier d’Kontroll iwwer de Won verluer huet. Nodeems ee vun de viischte Pneue geplatzt war, ass en duerch Hecken op en ëffentleche Parking gerutscht, wou e mat 3 geparkte Gefierer kollidéiert ass, sech iwwerschloen huet a säitlech am Virgäertche vun engem Haus leie bliwwen ass.

Eng Persoun gouf heibäi aus dem Auto geschleidert. No Éischt-Hëllef-Moossnamen op der Plaz, sinn déi véier Persounen an d’Spidol komm. D’Police constatéiert liicht bis schwéier Blessuren.

No der Ermëttlung vun den Identitéite vun alle 4 Persounen, déi op der Plaz dozou Falschaussoe gemaach haten, huet een erausfonnt, datt zwee dovunner schonns bekannt waren. De presuméierte Chauffer hat iwwerdeems kee Permis méi. Eng Enquête gouf lancéiert.

© Police

Scho géint 18.30 Auer gouf et zu Hesper en änlechen Accident, an deem ee Gefier an e puer stationéiert Autoe gefuer war. Hei gouf eng Persoun blesséiert. Op der A13 a Richtung Péiteng gouf et géint 17 Auer zwee Blesséierter, nodeems do e puer Ween net laanschtenee komm waren.

En Dënschdeg de Moie géint 6.40 Auer gouf et op der RN13 tëscht Beetebuerg an Helleng eng Kollisioun tëscht engem Auto an engem Moto. Hei gouf eng Persoun verwonnt. Géint 7.30 Auer ass op der A13 an Direktioun Péiteng e Motocyclist gefall, och hei notéiert de CGDIS ee Blesséierten.

Weider Accidenter en Dënschdeg

En Dënschden de Mëtteg géint 15.44 Auer sinn dräi Autoen op der A1 Richtung Lëtzebuerg tëscht dem Tunnel Houwald an dem Irgäertchen anenee geknuppt. Et gouf heibäi dräi Blesséierter.

Zu Mäerzeg op der Haaptstrooss koum et um 10.52 Auer zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen. Eng Persoun ass verletzt ginn.

Da sinn ëm 15.34 Auer zu Nidderkuer an der Avenue de la Liberté zwee Autoen anenee gerannt. Eng Persoun ass heibäi blesséiert ginn.

Um 15.38 Auer ass et tëscht Wolz an Noutem zu engem Accident komm, wou zwou Persoune sech verletzt hunn. Et sinn hei zwee Autoen anenee geknuppt.

Back to Top
CIM LOGO