Nodeems an der Fonction publique Zäitspuerkonten agefouert goufen, huet d'Regierung och e Gesetz op de Wee bruecht fir Comptes épargne temps am Privatsecteur. Et ass allerdéngs just e Kadergesetz fir e puer Grondreegele festzeleeën, wéi Zäitspuerkonten ëmgesat solle ginn. Betraff sinn iwwerdeems just Entreprisë fir déi e Kollektivvertrag oder en Accord interprofessionel gëllen. All déi aner dierfen an Zukunft keng sou Konte fir hir Leit aféieren.
Dowéinst ass de Patronatsvertrieder de Gesetzesprojet och vill ze rigid.
Derbäi kënnt, dass Zäitspuerkonten, relativ deier gi fir e Betrib. Et gouf nämlech festgehalen, dass eng Stonn, déi een haut op säi Kont setzt, och an zéng Joer, wann ee se wëll aléisen, eng Stonn Congé muss sinn. An Tëschenzäit krut een awer vläicht eng Gehaltserhéijung respektiv et gouf déi eng oder aner Indextranche, an deemno ass eng Stonn vun haut an zéng Joer e ganze Pak méi wäert.
D'Haaptargument fir d'Entreprisen ass, dass se de Betrib méi attraktiv maache fir qualifizéiert Personal ze rekrutéieren a sech vun der Konkurrenz ofzegrenzen.
D'Chamber soll nach virun der Summervakanz iwwert de Projet ofstëmmen an dann trëtt d'Gesetz och direkt a Kraaft.