
Op Facebook zirkuléiert ee Video, op deen ze gesinn ass, wéi um Glacis eng Partie Leit unenee geroden. Och Poliziste sinn op der Plaz an intervenéieren. Op de Biller ass ze gesinn, datt dobäi ee jonke Mann eng Beamtin um Been unhält. Een anere Polizist kënnt hir zur Hëllef a schléit e puer Mol mat enger Matraque op dem Mann säi Réck. Wéi hien d’Beamtin schlussendlech lassléisst, schléit de Mann si nach an d’Gesiicht.
Op RTL-Nofro hi confirméiert d’Police, datt een den 23. Juni géint 0.30 Auer um Glacis eng Kläpperei gemellt krut.
E puer Persoune wieren unenee geroden, wouropshin d’Beamten decidéiert hätten, si vuneneen ze trennen. Zwou Persoune goufen um Enn immobiliséiert an duerno am Arrest ënnerbruecht. Et gouf ënner anerem e Protekoll wéinst Gewalt géint Beamten a wéinst der Kläpperei geschriwwen.