Onschëlleg an UntersuchungshaftNo méi wéi 3 Deeg kënnen d'Leit eng Entschiedegung froen

RTL Lëtzebuerg
De Rekord hält eng Persoun, déi net manner wéi 1.463 Deeg an Untersuchungshaft war an duerno 2016 mat ronn 600.000 Euro entschiedegt gouf.
© RTL-Archiv

Wa Leit méi wéi 3 Deeg an Untersuchungshaft waren, an et sech erausgestallt huet, datt se onschëlleg sinn, kënnen dës Persounen eng Entschiedegung froen. Basis heifir ass e Gesetz aus dem Joer 1981.

115 Leit hu vun deem Recht déi läscht 10 Joer Gebrauch gemaach a goufen doropshin indemniséiert.

Déi meescht vun dëse Persoune goufen entschiedegt, well se definitiv acquittéiert goufen.

De Rekord hält eng Persoun, déi net manner wéi 1.463 Deeg an Untersuchungshaft war an duerno 2016 mat ronn 600.000 Euro entschiedegt gouf.

Dat selwecht Joer, quasi dee selwechten Dag, krut eng aner Persoun ronn 620.000 Euro als Entschiedegung bezuelt, well se wärend iwwer 3 Joer hanner Gitter souz. Dës Sue goufen et engersäits fir de moraleschen, mee och fir de materielle Préjudice.

Dës Zuele liwwert de Justizminister Braz op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierten Dan Biancalana.

PDF: Äntwert op Parlamentaresch Fro vum Dan Biancalana

Back to Top
CIM LOGO