WolzNo Sträit viru Restaurant: Mann schéisst mat Loftpistoul op Affer

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet e Samschdeg géint 12.20 Auer wéinst engem Tëschefall mat enger "Softair Waff" an der Rue de la Fontaine zu Wolz missten an den Asaz.

Zwee Männer waren hie virun engem Restaurant uneneegeroden an ee vun hinnen huet eng Loftpistoul gezunn an e puer Mol mat Plastikkugelen op déi aner Persoun geschoss.

Passanten an Zeie konnten de Mann mat der Pistoul iwwerwältegen an hie festhalen, bis datt d’Beamten op der Plaz waren. Déi genau Hannergrënn vum Tëschefall mussen nach ermëttelt ginn. Fest géif awer stoen esou d’Police, datt kee bei dëser Aktioun eescht blesséiert gouf.

Back to Top
CIM LOGO