
Fir den Haff bei Surré an der Gemeng Bauschelt ass et aktuell eng schwéier Zäit. Nodeems den Zebu-Stéier Simba am Januar verschwonne war, ass am Februar e weidert Kallef vun der selwechter Wiss verschwonnen. E puer Deeg méi spéit hunn d’Proprietäre vum Haff de Simba dout an der Wiss fonnt. Warscheinlech gouf d’Déier dout zréck op d’Feld geheit.
D’Police sicht elo am Kontext vum Doud a vum vermësste Kallef no Zeien.
Wien eppes Verdächteges an der Géigend vun der Wiss oder vum Haff gesinn huet, respektiv eppes iwwer d’Dote weess, ass gebieden, sech beim Policebüro vu Wolz ënnert der Nummer +352 244 89 1000 oder per Mail u police.ARDENNES@police.etat.lu mellen.
RTL-News: Spueren op Déierequälerei: Zebu-Stéier Simba dout fonnt ginn