
Wéi eis de Proprietär erkläert, wier den Hals an d’Ouer vum Stéier “opgeschnidde” gewiescht. Deemno géing et Spueren op Déierequälerei ginn, iwwert déi de Parquet an d’Veterinärsinspektioun och schonn informéiert goufen.
Ausserdeem vermësst den Haff zanter e Sonndeg e Kallef. Dat wuel op der selwechter Plaz bei der Haaptstrooss verschwonnen ass, wéi de Simba. Dës Kéier géing et dem Proprietär no awer däitlech Spueren dorop ginn, datt d’Déier geklaut gouf. Doriwwer eraus wier leschte Samschdeg eréischt e klenge Stéier vun 8 Méint dout beim “Fressgitter” fonnt ginn.
RTL-News: Fortgelaf oder matgeholl?: Lëtzebuerg sicht nom Simba
RTL-News: Wien huet de Simba gesinn?: Tëscht dem Hareler Poteau a Sir ass en heemelegen Zebu-Stéier fortgelaf