Affär vu MënschenhandelNom Uerteel am Dezember, zweete Prozess op der Cour d'appel

RTL Lëtzebuerg
An enger Affär vun ë.a. Mënschenhandel waren am Dezember eng Fra an e Mann zu Prisongsstrofe veruerteelt ginn. D'Affär goung op d'Cour d'Appel.
© AFP Archivbild

D'Fra war am Dezember um Stater Geriicht zu engem Joer feste Prisong an e Mann zu engem Joer Prisong mat Sursis an enger Geldstrof vun 2.500 Euro veruerteelt ginn. Et war der Fra virgehäit ginn, tëscht Juni 2014 a Juni 2016 an engem Appartement an der Stad op d'mannst 13 Fraen an 3 Männer zur Prostitutioun bruecht ze hunn. De Mann hat iwwerdeems reprochéiert kritt, d'Appartement weiderverlount a gewosst ze hunn, wat lafe géif. Hien hat géint dat 1. Uerteel Appel gemaach.

Affär vu Mënschenhandel / De Reportage vum Eric Ewald

E Freideg de Moie koum et op der Cour d'appel an der Stad zum zweete Prozess. De 66 Joer ale Mann huet do gemengt, hie wär onschëlleg an hätt duerch d'Fra Problemer kritt.

Sengerzäit hätt hien zwee Appartementer wëlle weiderverlounen, dofir hat hien eng Annonce gemaach. Doropshin hat sech d'Fra gemellt, déi sot, en Aarbechtsvertrag ze hunn, soudass hien hir d'Appartementer verlount hat. Ouni säi Wësse wär et dunn do zur Prostitutioun komm. Hie wär dat gewuer gi vu Leit, déi him dat soten. "Firwat hutt Dir, vun do un, wou Der dat wousst, näischt gemaach, fir dass se géif goen?", wollt d'Presidentin vum Geriicht wëssen. Hien hätt hir gesot, si sollt goen, ma näischt geschriwwen, huet de Mann geäntwert.

Och säin Affekot huet betount, dass de Mann net au Courant war vun der Prostitutioun a sengen Appartementer. Dat hätt iwwregens och d'Fra zu Protokoll ginn, sou de Me Ohinché. Da géif sech d'Fro stellen, ob hien zu iergendengem Zäitpunkt eppes dovu gewosst hätt, et géif ënnerschiddlech Aussoen dozou ginn. Et wär éischter warscheinlech, dass hien ni eppes heivu wousst. Säi Mandant hätt der Fra och gesot, dass si goe sollt, ma doropshi wär näischt geschitt. De Mann sollt fräigesprach ginn, huet säin Affekot fonnt.

Déi Vue huet d'Vertriederin vum Parquet général awer net gedeelt, well et an dëser Affär keng Zweiwele géif ginn. De Mann géif zwar kontestéieren, vun der Prostitutioun a sengen Appartementer gewosst ze hunn. Am Dossier wären awer credibel a koherent Aussoen, déi de Contraire beleeë géifen. Si géif dem Mann seng Aussoen nach gleewen, wa just d'Fra de Géigendeel behaapt hätt, well dat awer net de Fall ass, wären d'Deklaratioune vum Mann onglafwierdeg. Et wär e Fait, dass hien d'Appartementer weiderverlount, vun der Prostitutioun gewosst a Suen dofir kritt hätt. Dofir sollt dat 1. Uerteel géint de Mann confirméiert ginn. D'Appellsuerteel gëtt de 25. Juni gesprach.

Back to Top
CIM LOGO