
Am Virfeld vun de Chamberwale rumouert et bei der ADR. Änlech wéi beim Roy Reding geet et elo och am Norden ëm d’Fro, wie mat op d’Wallëscht geholl gëtt. Ma d’Erzielungen, wéi déi Auswiel getraff gouf, ginn nawell wäit auserneen.
Marcel Bernardy, Guy Arend, Steve Lamberty a Steve Schmitz heeschen déi véier Leit, déi annoncéiert hunn, aus der ADR auszetrieden. De Marcel Bernardy war ëmmerhi Vize-President vum Bezierk Norden, de Guy Arend war 2018 Kandidat bei de Chamberwalen. Dat wier hien och dëst Joer gäre gewiescht, genee wéi de Steve Schmitz, ma déi zwee goufen um Enn net zeréckbehalen. Wann een dem Steve Schmitz gleewen dierf, gouf mat der Aart a Weis, wéi d’Lëscht zesummegestallt gouf, géint d’Parteistatute verstouss.
“Do gesäit den Artikel 57 vir, datt wa méi Membere sech melle fir an enger Chamberwal matzegoen, datt dann de Bezierkscomité muss decidéieren. Do bréngt normalerweis den Deputéierten oder de President vum Bezierk eng Lëscht mat all deene Leit, déi sech gemellt hunn, mat. An da gëtt dann all Comitésmember fënnef Nimm u fir Männer a véier Nimm u fir Fraleit. Mä hei goufe mir virun ee Fait accompli gesat.”
Den Nord-Deputéierte Jeff Engelen léisst dee Virworf net gëllen. Et hätt een d’Lëscht esou opgestallt, wéi een dat schonn zanter 30 Joer am Norde maache géing. Et wier geheim en bloc iwwert d’Lëscht ofgestëmmt ginn an déi wier mat grousser Majoritéit ugeholl ginn. Dogéint hätt et och kee Widdersproch ginn. Et wier och net wouer, datt nieft him an dem Bezierkspresident Michel Lemaire nach de Fred Keup an de Fernand Kartheiser beim Ausschaffe vun der Lëscht matgeschwat hätten.
“De Lemaire an ech hunn déi Lëscht zesummen ausgeschafft no ganz genaue Krittären, déi dem Comité och schonn zanter 6 Méint an nach méi Jore bekannt waren. Mir haten déi gesot am Comité, mir hunn dat och no deene Krittäre gemaach. An op Grond vun där Sachleeschtung oder Sachorientéierung ass dat rauskomm wat mer dem Comité proposéiert hunn an do huet den Här Keup an den Här Kartheiser iwwerhaapt net matgeschwat.”
Angscht, datt déi fréier Memberen elo op enger anerer Lëscht am Norde kandidéieren, huet een dem Jeff Engelen no net, et géing ee sech op déi eegen Aarbecht konzentréieren. Op Facebook hate verschiddener vun hinne mat deene Konservative geflirt. Fir de Steve Schmitz kënnt esou ee Wiessel iwwerdeems net a Fro.