Portrait an InterviewNora Back nei Presidentin vun der CSL

RTL Lëtzebuerg
D'Chambre des salariés huet sech en Donneschdeg en neie Comité ginn.
VIDEO: Unanime gewielt: Nora Back nei Presidentin vun der CSL
D'Chambre des salariés huet sech en Donneschdeg en neie Comité ginn.

Hien hofft op eng Sträitkultur, mä kee Sträit. Dat sot den Aarbechtsminister Dan Kersch en Donneschdeg de Mëtteg wärend der Assemblée contituante vun der CSL, wou déi nei Presidentin gewielt gouf. Dat ass d'Nora Back. Si war eenzeg Kandidatin a gouf unanime gewielt. Esou wéi och de ganze Comité. Vizepresidentë sinn de Patrick Dury, President vum LCGB, an de Jean-Claude Reding vum OGBL, de Virgänger vum Nora Back.

No engem klengen historesche Réckbléck huet den Aarbechtsminister Dan Kersch och no vir gekuckt. Bei allem, wat an der Aarbechtswelt géif ustoen, wier d'Politik op d'Hëllef vun der CSL ugewisen. A grouss Ännerunge stéingen an d'Haus, do sief just d'Digitaliséierung genannt. Allerdéngs wier eng vu senge Prioritéiten, déi vun der Deconnexioun, esou den Dan Kersch. Et misst een de Salariéen nämlech och d'Méiglechkeet ginn, no der Aarbecht kënnen ofzeschalten an net permanent fir de Chef disponibel ze sinn. Do dierft dann och nees d'Diskussioun opkommen, wat Aarbechtszäite sinn a wéi déi gereegelt sinn.

Deconnexioun ass eppes, wat och d'Nora Back ënnerstëtzt. An hirer Ried ass déi nei gewielte Presidentin och op déi verschidde Problemer agaang, därer sech d'CSL wëll unhuelen. Ënnert anerem huet si mam Fanger op de Logement gewisen, op d'Besteierung an d'Inegalitéiten. D'CSL wier verschiddene Leit och net onbedéngt e Begrëff, dat misst sech an Zukunft änneren.

D'Salariatskammer géif sech fir jiddereen asetzen. Besonnesch frou war d'Nora Back deemno och doriwwer, datt den Undeel vu Frontalieren ënnert de 60 Membere vun der Plenière geklomm ass. Et wier ee vun 8 op 17 Grenzgänger eropgaangen. Och bei der Geschlechteregalitéit huet ee sech verbessert. An der leschter Plenière hätt ee 15 Fraen a 45 Männer gezielt. Elo géif een 21 Fraen an 39 Männer zielen.

Gruppefoto
Gruppefoto
© CSL

Back to Top
CIM LOGO