
Dat soll d'Aufgab vum Observatoire national de la Santé ginn, iwwer deen d'Deputéiert vun der Gesondheetskommissioun den Dënschdeg de Moien um Krautmaart geschwat hunn.
De Gesondheetsminister Etienne Schneider betount: "De But vun dem Observatoire ass natierlech, fir ze kucken: Wéi ass de Gesondheetszoustand vun eiser Populatioun? A fir deen ze evoluéieren. Wou sinn d'Risikoverhalen an der Populatioun, och fir ze kucken, wéi dat evoluéiert. An dann doropshin natierlech der Regierung kënne Virschléi ze maachen, wéi si de Gesondheetszoustand vun der Populatioun nach kënne verbesseren a fir dann eventuell och Virschléi ze maachen, wéi se hire Gesondheetssystem ka verbesseren, fir hir Ziler ze erreechen."
Eis Nopeschlänner hätten alleguer esou een Observatoire vun der Santé an dofir wär et eng gutt an noutwenneg Initiative, deen ze schafen, erkläert den CSV-Deputéierte Jean-Marie Halsdorf. Et misst een awer oppassen, dass dës Struktur onofhängeg bleift, well se ënner der Tutelle vum Gesondheetsministère steet.
"Et muss jo sou sinn, dass déi Donnéeën, déi mir recoltéieren, dass déi fiabel sinn an dass déi dann och esou analyséiert ginn, dass se der Realitéit entspriechen. Dir wësst genau, dass wann ee Statistiken hëlt, déi kann eemol esou ausleeën, mol eng Kéier anescht ausleeën. An da kann een dat Eent soen an da kann een dat Anert soen. A wat mir gär hätten, ass dass dat Instrument esou benotz gëtt, dass et dann och déi Resultater bréngt, déi mer brauchen, fir kënnen eng héichwäerteg, medezinesch Politik hei zu Lëtzebuerg ze maachen. Déi aner Fro, déi ee sech och stelle muss, dat ass d'Zesummesetzung vun den Experten. Do steet am Gesetz just, dass si géinge 5 Experten nennen aus dem Secteur – dat ass eng Virwëtztut. Ech hätt nawell gär, dass dat bëssi méi präzis wier.", esou de Jean-Marie Halsdorf.
Eng Fuerderung, déi déi Gréng nach stellen, ass dass den Observatoire sech net ze vill soll mat aneren – schonn existente Strukturen - iwwerschneiden. D'Fraktiounscheffin Josée Lorsché erkläert: "Beispillsweis d'IGSS an d'Carte Sanitaire, déi schonn een Deel vun dëse Missiounen ofdecken. D'Carte Sanitaire ass geduecht, fir d'ganz Spidolswiesen ze erfaassen, mee awer och fir d'santé publique ze analyséieren, fir ze kucken, wéi gesond ass eis Bevëlkerung. Dat ass einfach e Volet, dee schonn ofgedeckt ass vun hinnen. An eis Suerg ass, dass do keng Duebel-Strukturen entstinn, mee dass vun Ufank un zesumme geschafft gëtt, dass Synergië geschaf ginn, well dat nëmme fir d'Qualitéit ka sënnvoll sinn."
Et gëtt nach op den Avis vum Staatsrot gewaart, ma de Gesetzprojet, fir dësen Observatoire ze schafen, soll nach virum Summer gestëmmt ginn.