Konsumenteschutzdirektioun rappelléiertOch a Luxusbutteker mussen d'Präisser op Produiten affichéiert ginn

RTL Lëtzebuerg
Butteker, déi sech net un déi Reglementatioun halen, musse mat Protokoller, strofrechtleche Poursuitten an Amendë rechnen.

An de Butteker vu grousse Luxusmarke si ganz dacks keng Präisser fir Produiten oder Servicer affichéiert - dat huet d’Konsumenteschutzdirektioun bei Kontrolle bei 62 Etablissementer tëschent Abrëll an November dëst Joer festgestallt. An engem Schreiwes um Freideg geet rieds vun engem offensichtlechen Defizit. Hei gëtt ënnerstrach, datt och bei Produite vun enger grousser Valeur d’Präisser musse konform ugewise ginn.

Elo virun de Feierdeeg wieren och Suiviskontrollen an deene Butteker gemaach ginn, déi sech net un d’Reegele gehalen hunn.

D’Konsumenteschutzdirektioun erënnert, datt et hei zu Protokoller, strofrechtleche Poursuitten an Amendë vu 25 bis 2.000 Euro ka kommen. Donieft wier eng Reunioun mat de Vertrieder aus dem Secteur geplangt.

LINK: Liest hei d’Schreiwes vum Gouvernement

Back to Top
CIM LOGO