
Dat sinn der 2.600 manner wéi Mëtt zejoert. Do derbäi kommen awer och eng ronn 4.000 Fraen a Männer, déi an enger vun de Beschäftegungsmesuren dra sinn an net de volle Loun verdéngen.
Am Juli hu sech och eng 2.300 Leit nei bei der Adem ageschriwwen, dorënner och eng 160 Leit, déi aus der Ukrain geflücht sinn.
Vill Poste sinn och nach ze kréien: sou waren de leschte Mount eng 13.000 fräi Plaze bei der Adem gemellt; en Drëttel méi wéi Mëtt zejoert.