D'Himmelslanteren hunn awer dëst Joer an der Silvesternuecht fir eng traureg Bekanntheet gesuergt. Wéinst engem vun deene Lampione koum et am Krefelder Zoo zu engem Brand, bei deem iwwer 30 Déieren ëm d'Liewe komm sinn. Wéi däitsch Medie mellen, hu sech schonn een Dag duerno déi Schëlleg gemellt. Si ware sech net bewosst, dass et do verbuede war. Zanter 2009 sinn d'Lampionen an Däitschland verbueden. Hei zu Lëtzebuerg brauch een eng Autorisatioun an déi kritt een an der Direction de l'aviation civile. Ier een hei awer eppes ufreet, muss ee sech am Viraus eng Geneemegung vun der Gemeng an dem Proprietär vum Terrain, op deem ee seng Lanter da géif fléie loossen, besuergen.
Ass dat gemaach, gëtt d'DAC eng Autorisatioun ofhängeg vun Zäit an Datum.
D'Unzuel un Demandë fir dës Lanteren unzefroen, ass marginal. D'lescht Joer waren et knapps eng hallef Dosen, dovunner gouf d'Hallschent refuséiert. D'Donkelziffer ass onbekannt. Et gi puer Plazen am Land, op deenen een näischt dierf fléie loossen. Dozou gehéiert och all aneren Objet, dee flitt, zum Beispill Dronen. Grondsätzlech dierf de reguläre Fluchverkéier nämlech net gestéiert ginn. Dofir dierf am Ëmkrees vun zwee Kilometer vun den Aerodromen Useldeng an Näertrech näischt fléie gelooss ginn. Grad sou wéi ronderëm d'Klinicken, déi eng Helikopter-Statioun hunn. Dat sinn de Centre Hospitalier Ettelbréck, CHEM Esch-Uelzecht, Kierchbierg, d'Zitha-Klinik an de CHL.
Ronderëm de Fluchhafe Findel gëllt eng Zon vun 20 Kilometer an där kee fléien dierf.
Allgemeng muss een, wann een dann alleguerten déi neidesch Autorisatiounen huet, nach op e puer Saachen oppassen. Et muss ënner fräiem Himmel sinn an et dierfe keng brennbar Gebaier, Géigestänn oder gréisser Mënschemassen an der Géigend sinn. Am Fall, wou awer eppes geschitt, muss een ee Feierläscher prett hunn. Et dierfen och net méi wei 5 Meter an der Sekonn Wand sinn. Réischt wann dat alles garantéiert ass, kann ee sou eng Himmelslanter dann och fléie loossen.
Awer dann och just eng no där anerer.