
Et ass eng delikat Balance. Op der enger Säit soll jidderee fräi seng Meenung dierfe soen an op der anerer Säit sollen aner Leit doduerch net ugegraff oder ongerecht behandelt ginn. Ma wou leien d'Grenze vun der Meenungsfräiheet? De Marc Schoentgen Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung.
Wann ech Lige verbreeden, dat ass eng Grenz, wann ech illegal Saache verbreeden, ass eng Grenz, wann ech ee perséinlech attackéieren, wann ech ee wéinst senger Hautfaarf oder senger ethnescher Zougehéiregkeet oder senge reliéisen Iwwerzeegungen op eng besonnesch Aart a Weis attackéieren, da sinn definitiv Grenzen iwwerschratt.
Et wier kee neie Phenomeen, betount nach de Marc Schoentgen, ma eleng, dass sech och d'Politik ëmmer méi domadder befaasst, weist, dass d'Problematik zouhëlt. Dat hätt een och an der Pandemie bemierkt:
Dat huet och domadder ze dinn, dass natierlech den Discours méi sec ginn ass. Dass Saache méi kontrovers och sinn, notamment d'Fro ronderëm impfen/net impfen. Dat ass jo eppes, wat d'Leit vill beschäftegt, wou vill driwwer gestridde gëtt. Wou ee sech och net eens ass an da ginn et natierlech Leit, déi sech am Toun vergräifen an dat féiert a Krisenzäiten dann dozou, dass den Hate Speech op verschiddene Plazen, op verschiddene Plattformen zouhëlt.
Ma den Internet dierft awer kee rechtsfräie Raum sinn. U sech gëllen an der virtueller Welt déi nämmlecht Reegele wéi an der "richteger" Welt. Dacks wier de Problem awer, dass net gewosst ass, wien hannert engem Account stécht. Dofir wier och eng gewësse Sensibiliséierung noutwenneg, notamment an de Schoulen.
Wéi soen ech Saachen, wéi drécken ech mech richteg aus? An dass ech eben net alles ka soen. Dass et dann awer Grenze gëtt vun der Meenungsfräiheet, dass et kee rechtsfräie Raum ass. Am Educatiounsberäich kann ee net mam Knëppel kommen oder mam erhuewenen Zeigefanger. Do muss ee Methode fannen, fir déi Jonk ze sensibiliséieren."
Wat géint Hate Speech kéint hëllefen, wier eng Form vu "Counter-Speech". Also dass den Discours net vun Haass dominéiert gëtt. Sollt et dofir zu enger méi staarker Regulariséierung kommen, dierft awer net just eng Institutioun, Plattform oder Autoritéit zoustänneg sinn.
Doduerch kéint nämlech och d'Meenungsverschiddenheet a Gefor geroden. An dat mécht et da gläichzäiteg esou komplizéiert. Et kann ee net soen, d'Regierung misst e Counter Speech maachen, oder eng Institutioun, déi dat mécht. Mir hunn e gewëssene Pluralismus an och an deene Saachen hu mer e Pluralismus an da misst deen Counter Speech dann och vu méi Säite kommen.
E Gesetz, wann et dat dann eng Kéier sollt ginn, misst awer och ëmmer erëm ugepasst ginn, esou nach den Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung. Well déi virtuell Welt och esou séier evoluéiert.