Den 51 Joer alen Ingenieur vun der BCE Olivier Thevenot ass op senger Nuetsschicht ganz eleng zoustänneg fir d’Surveillance vu méi wéi enger Tëleeschaîne an Europa.

An sengem Service, dem sougenannten NOC, muss hien zum Beispill just e puer Knäppercher drécken a Coden aginn, a schonn empfänkt hien dat richtegt Satellittesignal fir eng Live-Schaltung vun engem Sport-Event vun engem anere Kontinent fir d’Tëlee fräi ze schalten.
Nieft engem Mataarbechter vum NOC, schafft an der RTL City nuets och ëmmer ee Sécherheetsagent.

De Jérôme Lafranche mécht dat zanter 11 Joer. Ma d’Nuetsschichte si besonnesch roueg, sou den 51 Joer ale Fransous. “Et muss awer ëmmer ee vun eis hei sinn. Esou e Gebai wéi dat hei kann nämlech net einfach ënnert engem Alarm-System funktionéieren, dofir komme ronderëm d’Auer ze vill Leit eran an eraus – da géif den Alarm hei jo déi ganzen Zäite schellen.”
Weider Episode vun der Serie Nuetsschicht fannt dir hei : www.play.rtl.lu