Invité vun der Redaktioun (26. Oktober) - Marc Barthelemy Offer fir Lëtzebuergesch ze léieren, ka verbessert ginn

Claude Zeimetz
Et wier eng riseg Demande do, mä dacks géif et um Manktem vun Enseignante leien, dass et zu laange Waardezäite kënnt.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Marc Barthelemy
Zejoert waren zu engem gewëssenen Ament eng 7'500 Persounen a Lëtzebuergeschcoursen ageschriwwen, mä et feelt akut un Enseignanten.

Hie wëll der neier Regierung ganz séier eng Propos vun engem 20-Jores-Plang fir d'Lëtzebuerger Sprooch maachen, dat sot e Freideg de Moien de Marc Barthelemy, deen op den 13. Oktober als Éischten op de Posten vum Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch genannt gouf. D'Haaptmissioun vum Kommissär ass et, d'Promotioun vum Lëtzebuergeschen an d'Koordinatioun tëscht de verschiddenen Acteuren ze verbesseren. D'Sprooch soll gefestegt an d'Offer u Sproochecoursen nach verbessert ginn. Zejoert waren zu engem gewëssenen Ament eng 7'500 Persounen a Lëtzebuergeschcoursen ageschriwwen, mä et feelt akut un Enseignanten.

Dem Marc Barthelemy no, misst d'Lëtzebuergescht an d'Lëtzebuerger Kultur awer och an anere Stellewäert an eise Schoule kréien. D'Coursen an der Grondschoul, dem Secondaire an der Formation professionelle missten ausgebaut ginn. D'Schüler géifen nämlech net méi all vu sech aus gutt Lëtzebuergesch schwätzen.

Um Terrain wier d'Lëtzebuergescht awer ganz wichteg an der berufflecher Kommunikatioun. An deem Kontext huet de Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch och d'Iddi vun engem sougenannten "médiateur linguistique" ugeschnidden. Dat sollt e Service ginn, wou een eng Hëllefsstellung kritt, wann een zum Beispill bei en Dokter geet, deen engem seng Sprooch net schwätzt. Donieft misst och iwwer de Congé linguistique diskutéiert ginn.  Et kéint net sinn, datt Leit iwwer Méint oder Joren fir Course fräigestallt ginn an da kënne se duerno awer mol net Lëtzebuergesch verstoen.

Et wier eng riseg Demande do, mä dacks géif et um Manktem vun Enseignante leien, dass et zu laange Waardezäite kënnt.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren

Back to Top
CIM LOGO