13 nei Petitioune kënnen online ënnerschriwwe ginnOfschafe vun der Walflicht a Limitéierung vun de Margen op den Immobiliëprêten

RTL Lëtzebuerg
Zanter e Samschdeg sinn 13 Petitiounen online, déi bis den 20. Oktober op d'mannst 4.500 Ënnerschrëfte musse kréien, fir ëffentlech debattéiert ze ginn.

D’Fuerderunge betreffen déi verschiddenst Beräicher:

  • D’Walflicht soll ofgeschaaft ginn.
  • Déi sougenannten Dash-Cams an den Autoe sollen erlaabt an d’Videoen, déi mat dëse gemaach ginn, als Beweis zougelooss ginn.
  • Bannent den éischten 2 Joer nodeems een de Führerschäin krut, soll een nëmmen Autoe mat enger Motoriséierung vu maximal 150 PS dierfe fueren.
  • Eng aner Petitioun fuerdert dann allerdéngs, dass een de grousse Camionsführerschäi schonn direkt mat 18 Joer maachen dierf.
  • D’Marge vun de Banken op den Immobiliëprête solle limitéiert gin

....

Weider informatioune fannt Dir um Petitiounssite vun der Chamber.

Back to Top
CIM LOGO