LSAPOfschloss-Pressekonferenz vun de Sozialisten

Lynn Cruchten
Nach eng leschte Kéier goung et drëms, hir Visioun fir eng besser an nohalteg Welt un de Public bréngen.
© Didier Weber / RTL

An engem Stater Bistro hate sech quasi all déi sozialistesch Deputéiert, aktuell Ministeren a Spëtzekandidaten versammelt, fir nach emol z’erklären, fir wéi eng Politik ee steet. Ënner anerem déi zwee Parteipresidenten an déi national LSAP-Spëtzekandidatin koumen ze Wuert.

D’Paulette Lenert

Et misst een de soziale wéi den technologesche Fortschrëtt mat am Bléck hunn a mir mussen d’Leit mathuelen. Nei Usätz géinge gebraucht ginn. Et géing een optimistesch an d’Zukunft an net an d’Vergaangenheet kucken. Dobäi gouf e puer mol géint d’CSV gepickt, déi alles géif maachen, fir einfach nëmmen zréck an d’Regierung ze kommen. Et wier net Zäit fir konservativ Politik, sou d’Paulette Lenert.

© Didier Weber / RTL
© Didier Weber / RTL

Back to Top
CIM LOGO