
Regierung, Patronat a Gewerkschaften hate sech dunn d'Wuert ginn, fir séierst méiglech am Kader vum Comité permanent du travail et de l'emploi beieneenzekommen - wéinst der aktueller ekonomescher Situatioun freet den OGBL no der Reunioun vu engem Exekutiv-Comité, datt de Minister Kersch direkt soll den CPTE beienee ruffen.
An deem Kader erënnert den OGBL un de Plazen-Ofbau bei ArcelorMittal, un d'frontal Attack vun der Luxair-Direktioun op d'Acquisë vun de Salariéen, mee och u Sozialpläng, déi nach sou just bei SES a Guardian konnten evitéiert ginn.
Dem OGBL no soll am CPTE iwwert d'Gesetzer debattéiert ginn, déi Aarbechtsplazen ofsécheren - d'Gewerkschaft stellt och fest, datt an enger Tripartite fir d'Rentrée sollt e Bilan an den Diskussiounen iwwert zum Beispill d'Reform vun de Plans de Maintien dans l'Emploi gemaach ginn - mä och hei de Constat: en Datum fir eng weider Reunioun vum CPTE gëtt et net.
