Nora Back"OGBL huet sech net radikaliséiert, mee d'Zäite si méi radikal ginn"

Tim Morizet
Dat sot d'Nora Back bei der leschter Versammlung vum National-Comité vun der Gewerkschaft virun de Feierdeeg.
"OGBL huet sech net radikaliséiert, mee d'Zäite si méi radikal ginn"
Dat sot d’Nora Back bei der leschter Versammlung vum Nationalcomité vun der Gewerkschaft virun de Feierdeeg.

3 Méint virun de Sozialwale kuckt ee beim OGBL op e beweegt d’Joer 2023 zeréck.

Nora Back, Presidentin vum OGBL:

“Et spëtzt sech e bëssen zou. Et ass iergendwéi ëmmer esou an der Sozial-Geschicht gewiescht, datt wa Krise sinn, et generell déi kleng Leit, déi schaffend Leit, sinn, déi et am häertste spieren. Haut liewe mer a Polykrisen. Mir kommen aus der Pandemie eraus, d’Konsequenze vum Krich hunn en Impakt op d’Inflatioun an als Konsequenz hunn d’Leit manner Kafkraaft.“

Ampacet, Cargolux oder bei den Elektriker – d’Kollektivverträg ware schonn 2019 e grousse Sujet bei de Sozialwalen. Den annoncéierte But: 80% vun den Entreprisen zu Lëtzebuerg sollten e Kollektivvertrag kréien – aktuell awer sinn et 50%. Hei misst d’Politik sech e gudde Virsaz fir d’nächst Joer huelen, fënnt den OGBL.

“Mir brauchen e bessert Gesetz. D’Gesetz, dat mer haut hunn, entsprécht net méi der Realitéit vun der Aarbechtswelt zu Lëtzebuerg. Mir brauchen e bessert Kollektivvertragsgesetz. Dofir awer brauch et déi politesch Volontéit. Dofir erwaarde mir vun der Regierung haut, datt se dee Schratt an Zukunft geet, fir datt mer méi sektoriell Kollektivverträg kënnen hunn.“

E grousse Sujet fir d’Walen den 12. Mäerz d’nächst Joer wäerten och d’Pensioune sinn. Den OGBL ass alarméiert – eng Verännerung vun der Architektur vum Pensiounssystem dierft net op d’Käschte vun deenen, déi schaffen oder geschafft hunn, goen. E soziale Sujet bräicht an noer Zukunft en Dialog mat de Sozialpartner.

“Et si schlussendlech d’Sozialpartner, déi d’Pensioune bezuelen. D’Betriber an d’Leit. Haut hu mer deen Tripartite-Model, dee sech zu Lëtzebuerg bewäert huet. Do sinn déi 3 Partner, déi sech zesummesetzen an do soll mat eis diskutéiert ginn.“

D’Geschäftsféierung vum OGBL gëtt iwwregens fir d’nächst Joer ëm 2 Persounen erweidert. Mam Pit Bach an David Angel kommen 2 erfuere Männer dobäi.

Back to Top
CIM LOGO