D'Guichete wieren net genuch besatOGBL-Maniff géint Waardeschlaange viru Spuerkeess zu Esch

Dany Rasqué
Dem Escher OGBL no géif et dacks zu laange Schlaange virun der Spuerkeess-Filial kommen an dacks wieren et eeler Leit, déi misste waarden.
OGBL-Maniff géint Waardeschlaange virun Escher Spuerkeess
Dem Escher OGBL no géif et dacks zu laange Schlaange virun der Spuerkeess-Filial kommen an dacks wieren et eeler Leit, déi misste waarden.

Wou ass de Respekt vun der Spuerkeess géintiwwer hire Clienten?, froen d’Escher Gewerkschaftler. Ob an der praller Hëtzt, oder am Reen, d’Leit missten dacks bausse waarden.

Dat well just nach 2 Guicheten op wieren. Obwuel d’Covid-Mesurë scho laang ofgeschaaft wieren, seet den Nando Pasqualoni, President vun der OGBL-Sektioun Esch. “Déi Leit, déi vill Geld hunn an hire Banquier duzen, déi stinn net hei an der Rei, déi hunn aner Konditiounen. Dat sinn an der Reegel einfach Leit, kleng Leit, dat ass deenen net méi zouzemudden.”

Vum Spuerkeess-Siège heescht et, déi “sporadesch” Schlaangen zu Esch, awer och mol virun aneren Agencen, hätten näischt méi mat Covid-Mesuren ze dinn, mä wieren doduerch bedéngt, datt zäitweis vill Leit bannena waarde géifen.

An den Agencen hätt ee sech un d’Affluxe vun de Clienten ugepasst. D’Transaktiounen an de Guichete wären an de leschte 5 Joer Deels ëm 75% agebrach, betount de Claude Hirtzig, Responsabele vun de Spuerkeess Agencen.

Wärend dem Protestpiquet war keng Schlaang virun der Agence ze gesinn - erstaunlech, soe Manifestanten. A weise rezent Fotoen. D’Marie-Laurence Emering huet och eng Erklärung, firwat vill Leit bei d’Agence op d’Escher Gemengeplaz kéimen. D’Escher Agence beim Cactus wär zou, zu Schëffleng géing et just nach op Rendez-vous goen an um Belval kéint ee keng Mënze méi ëmtauschen.

95% vun de gängegen Transaktiounen iwwer Internet

“Esch ass quasi déi eenzeg Agence, wou bis zu 3 Guicheten op sinn”, ënnersträicht de Claude Hirtzig. An Zäiten, wou 95% vun de gängegen Transaktiounen iwwer Internet Banking ofgewéckelt ginn, géing et drëms d’Personal effizient anzesetzen. Vill Cliente géifen och an d’Agence uruffen oder Maile schécken, och do ronderëm hätt ee sech opgestallt. D’Spuerkeess géif all Kanal ofdecken.

Och eeler Persoune géifen net vergiess. Zu Esch wiere beispillsweis zwee Receptionnisten disponibel, fir si bei de Bankomat ze begleeden oder och mol den S-net ze erklären.

D’Manifestante fuerderen iwwerdeems Solutioune fir Waardeschlaangen an Zukunft ze verhënneren.

Back to Top
CIM LOGO