InflatiounOGBL reagéiert op d'Aussoe vum Roland Kuhn zu den nächsten Indextranchen

Diana Hoffmann
Et hätt ee vun Ufank un net drun gegleeft, datt zwou Indextranchë kënne beieneen ausbezuelt ginn, seet de Jean-Luc de Matteis vum OGBL.
De Jean-Luc de Matteis vum OGBL.
De Jean-Luc de Matteis vum OGBL.
© RTL-Archiv

De Jean-Luc de Matteis huet domat op Aussoen vum Roland Kuhn reagéiert, President vun der Federatioun vun de Lëtzebuerger Baufirmen an dem Génie Civil. De Roland Kuhn hat als Invité vun der Redaktioun e Freideg de Moien op der RTL-Antenn gesot, zwou Indextranchë mateneen auszebezuelen, wier net “machbar”.

Dofir hätt den OGBL vun Ufank un gesot, et soll een den Index lafe loossen. Mat der Previsibilitéit, déi dann do wier. Et wéisst ee jo, datt d’Inflatioun do ass, an datt den Index iergendwa kéim.

De Betriber géing et net schlecht goen. Esouguer am Géigendeel. D’Commandë géifen et der jo genuch ginn. All d’Präisser ginn an d’Luucht, och d’Baupräisser, soudatt eng Indextranche ouni Problem ze bezuele wier, seet de Jean-Luc de Matteis. An de Kollektivvertragsverhandlunge vun de Gewerkschafte géing den Index och schonn ëmmer mat aberechent ginn.

De grousse Risiko vum Secteur wier d’Pénurie bei den Handwierker. Déi hätt ee schonn elo. Déi 30 Prozent vun de Leit déi géingen an d’Pensioun goen, krit een net ersat. Wann ee wéilt Leit an de Secteur kréien, misst een och kucken, datt en attraktiv ass. Campagnë mat Poustere géingen do guer näischt hëllefen.

Back to Top
CIM LOGO