Baue geet net duerOGBL: Wunnengsproblematik-Situatioun zu Lëtzebuerg ass urgent

Kevin Kayser
Et si Rechebeispiller, déi verdäitleche sollen, wéi urgent d’Situatioun ass.

Den OGBL huet an enger Publikatioun sech mat der Wunnengsproblematik hei am Land ausernee gesat, an do zum Beispill gerechent, datt een Erwuessenen, deen eng Een-Zëmmer-Wunneng wëll kafen, 45 Joer laang spuere misst. Wann een all Mount vu sengem Mindestloun een Drëttel op d’Säit leet.

OGBL iwwer Wunnengsproblematik

An dëst ass just ee Beispill fir ze weisen, datt et esou net weider ka goen. Hëlt een nämlech zwee Erwuessener, déi de Salaire Median verdéngen, mussen déi awer nach ëmmerhin 14 Joer spueren, ier se sech een Appartement mat engem Zëmmer leeschte kënnen. Bei den Haiser sinn d’Resultater nach vill méi bedeitend. Do mussen zwee Erwuessener mat engem Salaire médian 20 Joer laang een Drëttel vun hirem Akommes op d’Säit leeën, ier si sech d’Haus mat 2 Zëmmer leeschte kënnen. Beim Loune gesäit d’Situatioun net vill méi favorabel fir d’Salariéen aus. Wa mir dann awer konkret op d’Präisser vun den Immobilie kucken. Do huet den Observatoire de l’habitat fir den drëtte Quartal 2017 dës Zuelen avancéiert. Mir picken do zwou eraus. Fir een Haus mat dräi Zëmmer kascht dat an der Moyenne 710.000 Euro. Een Appartement mat 3 Zëmmer 658.000 Euro. Dat sinn Zuele vun 2017, a wéi mir mëttlerweil wëssen, huet d’lescht Joer d’Hausse vun dem Immobiliëpräisser ee massive Sprong no uewe gemaach.

Den OGBL da beliicht och, wien zu Lëtzebuerg dann iwwerhaapt d’Hand iwwert Bauland huet, wou kéint drop gebaut ginn. Do géif et ganz wéineg Etüde ginn. Wat der Gewerkschaft no wahrscheinlech op ze wéineg politescht Interessi kéint zeréckzeféiere sinn. Allerdéngs géif eng Etüd dës Fro beliichten. Déi vum Liser, déi den Observatoire de l’habitat an Optrag ginn huet. Do heescht et, datt 72,5 Prozent vum Terrain fir Konstruktiounen am Besëtz vun 2.7 Prozent vun der Bevëlkerung sinn. 159 Persoune wieren Här a Meeschter iwwert potentiellt Bauland am Wäert vun 3,4 Milliarden Euro. A wéi wäit déi Persoune mateneen a Relatioun stinn, zum Beispill familiär Lienen hunn, dat geet aus der Etüd net ervir.

Et géif net duergoen, einfach méi Wunnengsunitéiten ze schaffen, mengt den OGBL, doduercher géif d’Präissspiral weider no uewe gedriwwe ginn. Vill méi missten aner Mesure geholl gi, fir datt ee Spekulatioune kéint ënnerbannen.

D’Grondsteier misst reforméiert ginn, an esou eng ofschreckend Wierkung op Spekulanten hunn. Eng Spezialsteier op eidel Gebaier an nach net bebauten Terrainen agefouert ginn. Bis ewell hätten eréischt 5 Gemengen esou eng Mesure an d’Realitéit ëmgesat. Do misst dem OGBL no eng Steier agefouert ginn, fir déi, déi Terrainen zeréckhalen, an dat am ganze Land. Den André Roeltgen schwätzt esouguer vun der Iddi vun engem Kafverbuet fir Investisseuren, déi schonn eng gewësse Quantitéit un Terrainen an Immobilien an hirem Besëtz hunn. D’Uewergrenz fir Loyere misst erofgesat ginn, an d’Präisser fir d’Bauterrainen eng iewescht Limitt hunn. Do misst een awer kucken, ob dës Mesuren d’EU-Recht an d’Gesetzer respektéiere géifen. De Mietzuschuss misst dann och weider reforméiert ginn.

PDF: Den Dossier op Däitsch

Back to Top
CIM LOGO