TäterbeschreiwungOnbekannte flippt viru Réimecher Café aus an zerklappt 3 Leit

RTL Lëtzebuerg
E Fall vu Kierperverletzung gouf et an der Nuecht op e Samschdeg virun engem Café an der Rue du Pont zu Réimech.
© RTL Archivbild

En onbekannte Mann ass géint 3.15 Auer laanscht de Café getrëppelt an huet do op eemol en Terrassestull opgehuewen a widder d'Face vum Gebai geschleidert. 3 Persounen, déi dat gesinn hunn, hunn de Mann dorop ugeschwat, ma deen huet ugefaangen op si ze klappen.

Hien ass geflücht.

Täterbeschreiwung:

De Mann vun däischterer Hautfaarf ass ongeféier 1,75 Meter grouss a schmuel gebaut. Hien huet kuerz raséiert Hoer an eng Narb um rietse Bak. En huet Franséisch geschwat, hat gëllen Ouerréng an hat eng däischter Box mat engem schwaarz-wäiss-rout gesträifte Shirt un.

Back to Top
CIM LOGO