
E Sonndeg de Moie war en Onbekannten duerch eng Fënster an e Buttek an der Rue Zenon Bernard zu Esch-Uelzecht agebrach an huet déi ganz Keess mam Boergeld geklaut.
E puer Stonne méi spéit waren zwee Onéierlecher an der Rue Habig zu Esch an en Eefamilljenhaus agebrach. Och hei koumen d’Abriecher iwwert eng Fënster an d’Gebai eran. Wéi d’Awunnerin heemkoum, si béid Täter geflücht.
An der Beggener Strooss an der Stad war iwwerdeem en Abriecher iwwert eng oppe Garagëpaart an en Appartementshaus erakomm, wou den Täter am Ganzen 10 Kellerdieren opgebrach, respektiv beschiedegt huet.
An alle Fäll huet d’Police Ermëttlunge lancéiert.
D’Police erënnert an deem Kontext drun, och Keller a Garagen zouzespären an ze sécheren.