ZeienopruffOnbekannten huet an engem Supermarché zu Nidderkäerjeng Sue geklaut

RTL Lëtzebuerg
Den 11. Mee 2019 huet de presuméierten Déif am Cactus zu Nidderkäerjeng Geld aus der Kees vum Infostand geklaut.
© PGD

All d'Informatioune si fir d'Police Nidderkäerjeng-Péiteng (Tel: 244 511 000).

Weideren Zeienopruff

De 6. September 2019 koum et an der Rue de la Moselle zu Gréiwemaacher zu enger Kollisioun mat Fahrerflucht. D'Police sicht elo no Zeien.

Wéi et vun der Police heescht, hätt de Chauffer vun engem wäisse Liwwerwon héchstwahrscheinlech tëscht 15 a 16 Auer e blot Gefier ze pake kritt a wier doropshin direkt weidergefuer, ouni sech ëm de Schued ze këmmeren.

E Mann an eng Fra sollen de Virfall matkritt hunn. Béid Persounen, wéi och aner Zeie si gebieden, d'Police ënnert der Nummer 113 oder 244 701 000 (Police Gréiwemaacher) ze kontaktéieren.

Back to Top
CIM LOGO