
Dat war zu Stengefort an zu Stroossen de Fall. Bei de Leit doheem huet hien da behaapt, dass hien e Mataarbechter vum Supermarché wier an, dass d’Leit 100 € ze vill fir hiren Akaf bezuelt hätten.
Duerno huet hie seng Affer opgefuerdert, hir Kreditkaart an e Kaartelieser ze stiechen an hire Pin-Code anzeginn. Op dës Manéier wollt den Täter sech Zougang zu de Bank-Informatioune vun den Affer verschafen. Ausserdeem huet hie versicht, an d’Haus vu sengen Affer eranzekommen. Dofir huet hie si zum Beispill no engem Glas Waasser gefrot oder hinnen ugebueden, hir Akeef eranzedroen. An engem Fall war him dat och gelongen an hien huet d’Kreditkaart vun engem Affer geklaut.
A béide Fäll huet den Täter Franséisch geschwat.
D’Police huet dann och eng Partei Rotschléi fir ze verhënneren, dass een Affer vun esou engem Bedruch gëtt. Esou soll ee keng Friemer bei sech eraloossen, keng perséinlech Informatioune weiderginn an och seng Kreditkaart sollt ee kengem Frieme ginn.
Wann een dann Affer vun esou engem Bedruch gouf, soll ee seng Kaart späre loossen, sech iwwert den 113 bei der Police mellen an eng Plainte maachen.