
Op der Place de la Gare waren Onéierlecher an der Stad an ee Bürosgebai agebrach. Eng Policepatrull konnt direkt e puer Persounen, déi net an deem Gebai sollte sinn, stellen. Zwee vun hinne goufe op Uerder vum Parquet festgeholl a koumen e Méindeg de Moie virun den Untersuchungsriichter. Si hate Laptoppen aus de Büroe geklaut.
Och zu Diddeleng war direkt an e puer Gebaier, an deene Betriber hire Sëtz haten, agebrach an et goufe Sue geklaut. Eng Policepatrull konnt hei dräi Verdächteger iwwerraschen, och si goufen op Uerder vum Parquet festgeholl.
D’Police mellt dann nach zwee Abréch um Sonndeg. Eng Kéier am Neiduerf an der Stad, woubäi d’Bewunner déi Onéierlech iwwerrasche konnten. Si si mat deem, wat si bis zu deem Ament geklaut haten, fortgelaf. Zu Esch ware se an e Geschäft agebrach an hu Sue geklaut.