Police warnt virun ArnaqueOnéierlecher bidden Aarbechten un a ronderëm Haiser un

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matdeelt, soll et an deene leschten Deeg nees méi dacks zu Fäll komm sinn, bei deene Persounen onugekënnegt bei Privatpersounen opgedaucht sinn, fir verschidden Aarbechte ronderëm d'Haus, um Daach oder an der Afaart z'erleedegen.
© Laurent Weber

Konkreet ginn zwee esou Fäll als Beispill genannt, beispillsweis e Méindeg an der Rue de Hamm zu Bouneweg, wou zwee Männer Aarbechten um Daach vun engem Haus proposéiert haten. Si hätte sech den Daach fir d'éischt ugekuckt, du Sue verlaangt an de Resident dozou gedrängt, d'Offer unzehuelen. Dësen huet awer refuséiert an d'Plaz nees verlooss.

Zu engem weidere Virfall koum et e Mëttwoch an der Rue de Schwiedelbrouch zu Rammerech. Och hei hunn zwee Männer Aarbechte bei enger Residence ugebueden, méi konkreet um Stroossebelag ronderëm. Hei huet de Proprietär akzeptéiert, ma awer festgestallt, datt dës net gutt ausgeféiert goufen. Déi zwee goufen nach op der Plaz vun der Police kontrolléiert, woubäi Onkloerheeten a Bezuch op déi néideg Dokumenter an Autorisatioune festgestallt goufen. Weider Ermëttlunge lafen.

Police weist an deem Kontext drop hin, datt ee besonnesch virsiichteg soll sinn, wann esou Offere gemaach ginn. Verdächteg Situatiounen oder Leit, déi Affer vun esou engem Bedruch gi sinn, solle sech bei der Police mellen.

Back to Top
CIM LOGO