Protestpiquet SEW/OGBLOnfair Schaffkonditiounen am Enseignement? D'Chargéë bekloe sech

Tim Morizet
Den Educatiounsministère suergt mat senger Personalpolitik fir dacks prekär Aarbechtskonditiounen bei de "Chargés de cours".
Protestpiquet SEW/OGBL
Onfair Schaffkonditiounen am Enseignement? D’Chargéë bekloe sech

D’Associatioun vun de Chargéen am Enseignement beklot sech, iwwert hier Schaffkonditiounen. D’Faass wär elo definitiv voll a wann d’Politik keng Léisunge sicht, géif een och net méi zécken, juristesch Weeër ze goen, heescht et vun der ACEN. An deem Kontext gouf et en Dënschdeg an der Stad och eng Protest Aktioun vum OGBL. En éischt Warn-Zeechen, direkt virun der Chamber.

Eng 100 Leit vum OGBL hu sech versammelt, fir géint déi diskriminatoresch Konditiounen ze protestéieren. Esou munche Politiker hat sech drënner gemëscht, fir nozelauschteren. Nogelauschtert gouf iwwert déi lescht Joren awer genuch, esou d’Gewerkschaften. Elo ass et un der Zäit fir Aktioun.

Mir wäerten eis do net ginn”, seet d’Presidentin vum SEW Joëlle Damé. “Mir wäerten an Zukunft weiderfueren an drop halen, datt d‘Aarbechtsrecht och bei de ‘Chargé de cours’ agehale gëtt.

Par Rapport zu Proffen, déi hire Concours gepackt hunn, sinn d’Chargéeën Employéeën an net Fonctionnaire beim Staat. De grousse Kritikpunkt ass, datt eng Rëtsch Chargéeë just mat CDD agestallt sinn a vun CDD zu CDD vertréischt ginn ouns awer, datt eng fest Plaz dobäi rauskënnt. Resultat: Summervakanzen ouni Kontrakt.

An, “datt d’Leit wa se dann am September en CDD ënnerschriwwen hunn, dacks bis Dezember op hir Paie waarde mussen. Dat nämmlecht gëllt fir Avenanten. Do si Leit, déi kréien all Joer en neien Avenant ze ënnerschriwwen, an dat dauert dann och emol bis an de Januar era bis, datt se hir voll Paye ausbezuelt kréien,” esou d’Joëlle Damé weider.

Et ass en Artikel am Aarbechtsrecht, deen et dem Educatiounsministère méiglech mécht, an der Educatioun onlimitéiert Aarbechtskontrakter mat enger limitéierter Durée ze produzéieren. 2006 hat d‘Cour constitutionnelle den Artikel als Verstouss géint d‘Lëtzebuerger Verfassung jugéiert. Ma d’Urteel war zu deem Ament net verbindlech.

Dat kann een nach eng Kéier kläre loossen, datt mer nach eng Kéier probéieren, iwwert den Affekot op d‘Gericht ze kommen,” erkläert d’Isabelle Bichler, Presidentin vun der Sektioun “Chargé de cours” am Landesverband. “Datt mer nach eng Kéier do en Urteel kréien, wat deen Ament da verbindlech ass fir alleguer d’Leit.

Am Fondamental schaffen eng Ronn Dausend Chargéen, also 15 Prozent vum Personal. Am Lycée sinn et souguer bal een Drëttel vun alle Stonnen, déi vun den Employéeë gehale ginn.

Back to Top
CIM LOGO