PéitengOngenügenden Drainage féiert ëmmer erëm zu Iwwerschwemmungen

Diana Hoffmann
De Réckhaltebaseng, dee fir de Schutz vun den Awunner zu Péiteng gebaut ginn ass, packt d’Waasser schonn zanter 2016 net méi.
Ongenügenden Drainage féiert ëmmer erëm zu Iwwerschwemmungen
De Réckhaltebaseng, dee fir de Schutz vun den Awunner zu Péiteng gebaut ginn ass, packt d’Waasser schonn zanter 2016 net méi.

Zanter méi wéi 30 Joer wunnt de Gilbert Fernandes an der Prënzewiss zu Péiteng. An deenen éischte Joren a sengem neien Haus war säi Keller all Wanter 3 bis 4 Mol iwwerschwemmt, seet hien. Dunn huet d’Gemeng awer reagéiert, an ugangs den 90er Joren en natierleche Réckhaltebaseng net wäit vu sengem Haus ewech gebaut. Vun do u war Rou. Bis 2016. Zanterhier steet säi Keller erëm méi reegelméisseg voll Waasser. Bei 3 Kéiere waren et massiv Waassermassen, déi do zesummegelaf sinn.

Iwwerschwemmungen zu Péiteng / Rep. Diana Hoffmann

Bei Onwieder mat Staarkreen ginn zanter engem Mount wuel eng Partie méi Leit kucken, ob kee Waasser an hire Keller leeft. Evenementer, wéi déi schwéier Iwwerschwemmunge Mëtt Juli, hannerloossen nach laang en ongutt Gefill bei ville Leit. De Gilbert Fernandes vu Péiteng kennt esou e Gefill awer scho méi laang. Fir hien, an eng Partie aner Leit bei him an der Cité, war d’Iwwerschwemmung deen Dag nämlech keng nei Experienz. De Réckhaltebaseng, dee fir de Schutz vun den Awunner gebaut ginn ass, packt d’Waasser schonn zanter 2016 net méi.

Zanterhier huet d’Famill Fernandes nämlech erëm reegelméisseg Waasser an hirem Keller. Dat wier d’Konsequenz dovunner, datt den natierlechen Reckhaltebaseng net gutt genuch ënnerhal gi wier, esou de Virworf. An Tëschenzäit huet d’Gemeng dësen awer gebotzt. D’Grief, déi d’Waassermassen zum Baseng solle leeden, goufen iwwerdeems awer net vun der Vegetatioun befreit. Zum Deel géingen d’Leit aus der Noperschaft dës Aufgab och scho mol selwer an d’Hand huelen.

Ma nieft dem Réckhaltebaseng gëtt et och nach een Drainage, deen  dofir suerge soll, dat d’Waasser an der Kanalisatioun an net bei de Leit an de Kellere lant. D’Resultat vum Kanal ass awer net zefriddestellend fir d‘Leit. Iwwerschwemmunge konnt dësen offensichtlech net ganz verhënneren. E wier ze kleng an net effikass, wëll Steng, déi d’Waasser besser drainéiere sollen, éischter e géigendeelegen Effet hätten, sou d’Kritik.

De Jean-Marie Halsdorf, Schäffe an der Péitenger Gemeng seet, et géing een dësen Dossier zanter laangem kennen, an et wéilt een de Bierger hei hëllefen. Den neien Drainage mat de Steng wier do schonn en éischte Schrëtt gewiescht. Lo géing awer gekuckt ginn, wéi dësen nach ka verbessert ginn.

Decisiounen heifir mussen awer zesumme mat der Ëmweltverwaltung an der Administration de la gestion de l’eau geholl ginn. Eréischt fir September ass hei eng Entrevue mat deenen zwou Verwaltunge méiglech. Do wäert dann awer no enger Léisung gesicht ginn.

Back to Top
CIM LOGO