
Dat ass ee vun de Constate vun der Chambre des fonctionnaires et employés publics, der Staatsbeamtekammer, an hirem Avis zum Budgetsprojet fir d’nächst Joer. A fir dat z’erreechen, misst eng Steierreform gemaach ginn.
De President vun der Staatsbeamtekammer, de Romain Wolff, huet e Dënschdeg de Moie bei der Presentatioun vum Avis zouginn, datt Krisenzäiten net de beschte Moment wier, fir eng fundamental Steierreform. En attendant kéint a sengen Aen d’Regierung awer op d’mannst d’Steiertabellen un d’Inflatioun upassen an de sougenannte Mëttelstandsbockel entlaascht ginn. Dat géing een erreechen andeems een d’Progressivitéit géing op méi héisch Revenue verréckelen. Am Moment fält jee no Steierklass alles wat iwwer 45-50.000 Euro verdéngt gëtt schonn an de Spëtzesteiersaz. Déi Progressioun geet vill ze séier, sou de Romain Wolff.
Mir hunn de Romain Wolff, deen och President vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP ass, gefrot, wat hie géing aussichen, wann e just kéint eng Steierreform oder eng Punktwäert- Erhéijung fir d’Beamten hunn? Seng Äntwert war hie géing als President vun der Staatsbeamtekammer näischt zum Gehälteraccord soen, mee eng Steierreform géing jidderee betreffen. An den aktuelle Steiersystem wier net méi ugepasst an e wier ongerecht.
D’Staatsbeamtekammer huet an hirem Avis awer begréisst, datt d’ëffentlech Investissementer héisch gehale ginn. Kritik gouf et dann awer nees wat d’CO2-Steier ugeet. Engersäits géing ee mat den Tripartite-Mesuren de Leit ënnert d’Äerm gräifen an dann awer op der anerer Säit géing ee se nees penaliséieren. Eng grouss Fro déi sech géing stelle wier déi, ewéi Lëtzebuerg kéint a Punkto Energie méi onofhängeg ginn, ouni datt d’Leit missten dorënner leiden.
D’Staatsbeamtekammer huet dann och e kriteschen Avis en Dënschdeg ofginn zur Gesetz-Propositioun, mat där Wieler kéinten eng eege Proposition de loi maachen. 125 Wieler mussen esou en Text presentéieren an 12.500 Wieler mussen den Text ënnerstëtzen. D’Staatsbeamtekammer fënnt dat “onverdaulech” a freet en Instrument, mat där eng Biergerbedeelegung tatsächlech erméiglecht gëtt.