StatecOp 1 Joer gekuckt sinn 8,7% manner Leit am Chômage

RTL Lëtzebuerg
Enn Januar waren 15'157 Leit op der Sich no enger Schaff. Dat ass e Minus vun 8,7% op ee Joer gekuckt, respektiv 1'442 Leit manner déi am Chômage sinn.

Iwwert ee Joer gekuckt, sinn dat  bal 1.500 Leit manner, déi am Chômage sinn.
Vun där Baisse profitéieren an éischter Linn, Leit déi manner wéi 30 Joer hunn. An där Kategorie gouf et eng Baisse vu 15 Prozent. Beim Laangzäitchômage gëtt et e Minus vu 6 Prozent. Déi selwecht Baisse gëtt et bei de Leit, déi de Statut vum Salarié handicapé hunn.

4.238 Leit sinn an enger Beschäftegungsmesure, dat ass e Plus vun 2,1 Prozent iwwert e Joer. Méi eng däitlech Hausse gëtt et bei de Spezialmesuren, do ass et e Plus vun 8,9 Prozent a bei de Formatiounen, déi d'ADEM proposéiert. Do ass et eng Hausse vun 7,5 Prozent.

De leschte Mount hunn d'Patronen 3.500 fräi Plaze bei der ADEM gemellt, 12 Prozent manner wéi virun engem Joer.

PDF: Chômagezuele vum Januar 2019 am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO