
En Donneschdeg gouf an enger éischter Phas d'Demande fir e Referendum vum Comité d‘Initiative vum Staatsministère als recevabel erkläert.
Konkret heescht dat, datt een deemnächst kann op seng Gemeng ënnerschreiwe goen, wann ee fir d‘Volleksofstëmmung ass. Op de Gemenge ginn d‘Preparatioune geschwë lass.
Bannent 8 Deeg nodeems de Staatsminister eng Demande ugeholl huet, muss kommunizéiert ginn, vu wéini bis wéini Ënnerschrëfte kënne gesammelt ginn. Duerno läit d‘Aarbecht bei de Gemengen, esou de President vum Syvicol, Emile Eicher.
„D’Gemenge mussen hir Awunner, als éischt informéieren. Et muss kloer gesot ginn, wéini a wou se kënnen ënnerschreiwe goen. Dat muss duerch en Affichage gemaach ginn, mee am beschten och duerch aner Informatiounen.“
Den Text muss een iwwerdeems och op der Gemeng kënne consultéieren, sollt een dësen net wëllen iwwert den Internet doheem liesen. 6 Stonnen d‘Woch muss dësen och prett sinn, fir kënnen ënnerschriwwen ze ginn. Ma dat heescht ënner anerem och méi Aarbecht fir d‘Gemengen.
„Dat gëtt natierlech en Opwand. Dat wësse mer. Mir mussen natierlech och Leit hunn, déi kontrolléieren,ob déi Leit, déi kommen, och eligibel sinn oder net, soss dierfen déi sech net androen.“
Nodeems d'Frist eriwwer ass, mussen d'Gemengen hir Resultater un de Staatsministère schécken. Kommen op d'mannst 25.000 Signaturen zesummen, muss ënnerhalb vu sechs Méint ee Referendum organiséiert ginn. Ville Gemenge feelt et hei un Erfarung, esou de President vum Syvicol.
„Referenden gouf et och schonn op Gemengeniveau och wann déi vläicht manner impressionant waren. Mee et si ganz vill Gemengen, déi mat Referenden net vill Erfarung hunn. Dofir ass et ëmsou méi wichteg, datt mir eis ënnereneen esou gutt ewéi méiglech ënnerstëtzen.“
D‘Wieler kënnen d'Demande bis spéitstens 2 Méint nom éischte Vott an der Chamber, dee war jo den 20. Oktober, ënnerschreiwen.