
De Chômagetaux louch Enn Mee bei 5,5%, am Abrëll louch en nach bei 5,4%. Op d'Joer gekuckt ass de Chômage liicht erop gaangen, ëm 2,1%.
Enn Mee waren zu Lëtzebuerg 15'124 Leit bei der ADEM ageschriwwen, dat waren der 316 méi ewéi zejoert ëm déi Zäit.
4'237 Leit waren op de leschte Mee an enger Beschäftegungsmesure. Fir de Mount Mee goufen 3'465 fräi Poste bei der Adem deklaréiert.
