
Géint 3 Auer koum et zu engem Accident op der A6. De schëllege Chauffer huet zouginn, ageschlof ze sinn an ongebremst an e Camion gerannt ze sinn. De Permis war natierlech fort.
Géint 1.30 Auer ass der Police och op der A6 a Richtung Belsch en Auto opgefall, deen op der Pannespur stoung.
De Chauffer huet ausgesot, an d'kalifornesch Mauer gerannt ze sinn, wéi en eng Kollisioun mat engem aneren Auto wollt evitéieren. Den Alkoholtest war awer positiv, de Führerschäi fort an de Chauffer gouf protokolléiert.
Weider Permise goufen agezunn um Schumannseck, zu Iechternach, zweemol zu Esch an um Sonndeg de Moie fréi am Garer Quartier an der Stad. Hei war een zweemol duerch rout gefuer. De Chauffer gouf kontrolléiert an och säi Führerschäin ass fort.