E Méindeg den OwendOp der A7 louch ... e Container op der Autobunn!

RTL Lëtzebuerg
Géint 18 Auer hat e Camion a Richtung Stad tëscht de Sortië Colmer-Bierg a Mierscher Bierg seng Charge verluer - op der Iwwerhuelspur.

Op der Héicht um Miwwelgeschäft um Rouscht war déi Spur dann och blockéiert.

D'Ponts et chaussées hunn de Container vun der A7 evakuéiert.

Zu engem Accident war et wéinst dem onerwaarte Gaascht op der Strooss zum Gléck net komm ...

Back to Top
CIM LOGO