Maniff fir d'MënschlechkeetOp der Clairefontainesplaz gouf géint de Krich an der Ukrain demonstréiert

Monique Kater
Grad wei a villen europäesche Stied gouf e Samschdeg och nees hei an der Stad géint de Krich demonstréiert, fir Solidaritéit mat der Ukrain ze weisen.

51 Associatiounen an ONGen hate sech der Initiativ vun Asti, Mouveco, Fridden- a Solidaritéitsplattform, Justice et Paix an OGBL ugeschloss an zu dëser Friddensmaniff mam Titel “Stoppt de Krich” opgeruff. Tëscht 3.000 a 4.000 Leit sinn e Samschdeg am Nomëtteg op der Place Clairefontaine zesummekomm. Gutt vertruede waren och déi verschidde Parteien, mee och héich Vertrieder vun der kathoulescher Kierch waren op d’Clairefontainesplaz komm. Hie stéing hei fir d’Mënschlechkeet, sou de Kardinol Jean-Claude Hollerich.

Vu Friddensdauwen gouf gesongen, vu Kanounekugelen, där et dach eigentlech guer keng méi dierf ginn. D’Solidaritéit mat der Ukrain war do, war däitlech ze spieren. All zesummen kënne mer vläicht eppes erreechen, sou d’Hoffnung, dat kéinten och mir sinn, sou d’Angscht.

Als Lëtzebuerger Zivilgesellschaft wier dee militäreschen Iwwerfall ze verurteelen, näischt géif dëse Krich rechtfäerdegen. Zu där Ausso steet och d’kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg.

Wéi et ausgeet, steet an de Stären. Hoffe wëllen all déi, déi e Samschdegnomëtteg an der Stad fir de Fridde manifestéiert hunn.

Maniff fir d'Mënschlechkeet
Grad wei a villen europäesche Stied gouf e Samschdeg och nees hei an der Stad géint de Krich demonstréiert, fir Solidaritéit mat der Ukrain ze weisen.

Protester iwwerall op der Welt

London, Paräis, Roum, Berlin, iwwerall hunn Dausende Mënsche sech géint de Krich vu Russland géint d’Ukrain mobiliséiert. Schëlder mat Opschrëfte wéi “de Putin ass e Mäerder” oder “kompletten Embargo fir Russland” an d’Luucht.

Op ville Plazen sinn och Ukrainer dobäi, déi sech ëm hir Familljen a Frënn suergen. Dacks hätte Fraen a Kanner kënne flüchten, ma d’Männer a Pappe sinn zeréckbliwwen, fir hiert Land ze verdeedegen.

All Weekend wéilt ee sech versammelen, esou laang, bis de Putin seng Panzeren géing ofzéien, sou d’Aline Le Bail-Kremer zu Paräis. Si ass Member vu “Stand With Ukraine”, déi d’Demonstratioun zesumme mat anere Gruppen organiséiert.

Scho leschte Weekend waren Honnertdausenden Mënschen a ganz Europa géint de Krich op d’Stroosse gaangen, dorënner och e ouer Dausend a Russland, wou et en Demonstratiounsverbuet ënnert dem Deckmantel vun de Corona-Bestëmmunge gëtt, iwwer 100.000 zu Berlin, 70.000 zu Prag a 40.000 zu Madrid.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO