Feier op Scheier iwwergaangenOp der Héicht vu Mäertert huet en Trakter op engem Feld gebrannt

Sandy Schmit
RTL Lëtzebuerg
Géint 15 Auer hunn Zeien der RTL-Redaktioun Fotoe geschéckt, déi e Feier an engem Feld op der Héicht vu Mäertert weisen.

Op Nofro beim CGDIS huet et geheescht, dass an der Géigend vu Mäertert en Trakter op engem Feld gebrannt huet, dofir ass och eng grouss schwaarz Dampwollek ze gesinn.

D'Feier ass och op eng Scheier iwwergaangen, wéi mer vum CGDIS gemellt kréien.

Back to Top
CIM LOGO