CGDISOp der Place de la Gare war Damp un der Fassad vun engem Gebai gemellt ginn

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt zwee Feier um Freideg de Moien.
© Diana Hoffmann

Eng Kéier gouf et géint 8:30 Auer en Asaz an der Rue du Moulin zu Esch, well et hei eng Dampentwécklung an engem Appartement gouf. Déi lokal Rettungsekippe waren hei am Asaz.

An der Stad mellt de CGDIS dann eng Fassad a Brand op der Place de la Gare. Vun der Plaz heescht et, datt wuel Damp aus engem Rouer komm wier, deen op 2,5 Meter héicht fixéiert war. Hei waren d'Ekippe aus der Stad, vun Hesper a vu Mamer am Asaz. A béide Fäll mellt de CGDIS kee Blesséierten. Den ACL mellt, datt et hei wéinst dem Asaz zu Aschränkungen am Trafic koum.

Back to Top
CIM LOGO