CGDISOp der Saarautobunn krut en Automobilist e Wëllschwäin ze paken

RTL Lëtzebuerg
Den Accident war en Donneschdeg den Owend géint 21.25 Auer op der A13, Munneref Richtung Tunnel Markusbierg.

Wéi de CGDIS mellt, gouf eng Persoun verwonnt. D'Pompjeeë vun Uespelt a Munneref waren am Asaz, grad ewéi och d'Ambulanz vu Réimech.

Ee Blesséierten gouf et och géint 23 Auer bei engem Autosaccident zu Diddeleng, an der Diddenuewener Strooss. D'Escher Ambulanz an d'Diddelenger Pompjeeë goufen op d'Plaz geruff.

Back to Top
CIM LOGO