
Dat huet de Mobilitéitsminister François Bausch an senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte vun déi gréng, François Benoy, bekannt ginn. Doduerch dierft den Zuchtrafic méi flësseg ginn. Besonnesch wärend de Spëtzenzäiten ass d'Stater Gare nämlech komplett saturéiert.
Am Dezember 2021 dann, sollen d'Quaien 5 a 6 komplett a Betrib geholl ginn, grad sou wéi déi dräi supplementär Gleiser, déi am Gaange si gebaut ze ginn.
Wéi nach aus der Äntwert vum Minister Bausch ervir geet, gëllt dat och fir déi nei Passerelle, déi Leit mat enger Behënnerung den Accès zu de Quaien soll méi einfach maachen.