Onéierlecher ënnerweeOp e puer Plazen am Land gouf agebrach

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend krut d'Police een Abroch zu Bartreng gemellt. Onbekannt Täter waren iwwert eng Fënster an een Haus agebrach.
© Archiv

Weider Abréch an Eefamilljenhaiser gouf et an der Nuecht op e Sonndeg zu Bouneweg an zu Märel.
Donieft gouf zu Hesper an an der Stad an de Keller vun Appartementshaiser agebrach.

D'Police gëtt op hirem Internetsite eng ganz Rei Rotschléi wat ee präventiv ka maachen, fir sech virun Abréch ze schützen.

Back to Top
CIM LOGO